De Verwaltungsrot vum CIGL Déifferdeng asbl

De Lokalen Initiativ- a Verwaltungszentrum Déifferdeng (CIGL) ass eng Vereenegung ouni Gewënnzweck ënner der Leedung vun engem Verwaltungsrot vun zur Zäit 10 Memberen. Un der Spëtz steet als Präsident den Här Roberto Traversini ënnerstëtzt vun der Vizepräsidentin Mme Jean-Marie Leblond.D’Sekretariat gëtt gefuert vum Här Roland Scheuer, Trésorier ass den Här Jean-Paul Reuter.Do derzou gehéieren dëssweideren den Här Norbert Ginepri als Bäisëtzenden an d´Memberen François Antony, Robert Berg, Michel Dadario, Jean-Marie Mousel an Elke Peterhänsel. Obwuel d’Membere vum Verwaltungsrot aus esou verschidde Beraïcher wéi der Politik, der Gewerkschaftsbewegung, der Sozialaarbecht, dem Veräinsliewen an anerer méi hirkommen, hunn si dach eent an dat nemlecht Zil vrun Aen: den Déifferdenger Bierger qualitativ héichwerteg Servicer an Déngschtleeschtungen z’offréieren an de Leit op Sich no Aarbecht eng Beschäftegung unzebidden.D´Engagement vun de Verwaltungsrotmitglieder ass reng éierenamtlech.De Verwaltungsrot huet d’Responsabilitéit iwwer eng Equipe vun 12 fest ugestallten Mataarbechter(innen), deenen d’Administratioun, d´Organisatioun an d’Surveillance vun den Aarbechten a Chantercher obläit, an iwwer déi momentan 58 Ugestallten, déi ënner engem befristete Vertrag bis maximal 2 Joer engagéiert sinn.D´Haaptzil vum CIGL ass et dëss Leit erëm an de primären Aarbechtsmaart anzeglidderen.

Jean-Paul Reuter
Trésorier

President Roberto Traversini
Vizepresidentin Marie-Jeanne Leblond
Sekretär Roland Scheuer
Trésorier Jean-Paul Reuter
Bäisëtzenden Norbert Ginepri
Member François Antony
Member Robert Berg
Member Michel Dadario
Member Jean-Marie Mousel
Member Elke Peterhaensel