Wëllkomm op der Internetsäit vum CIGL Differdange!

De CIGL Differdange ass eng Associatioun ouni Gewënnzweck, déi 1998 gegrënnt gouf. Si gëtt vun engem Verwaltungsrot, deen aus 13 éierenamtleche Membere besteet, geleet.

Mat der Ëmsetzung vu Projeten an der Bereetstellung a Schafung vun Aarbechtsplazen, déi der Allgemengheet déngen, realiséiert de CIGL folgend Ziler:

  • Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun der Bierger, duerch d’Déngschtleeschtunge vun der Equipe Proximitéit « Déifferdenger Atelier », déi realiséiert Projete vun de Servicer Environnement, Mines an Naturschoul Lasauvage, esou wéi duerch d’Angeboter vum Okkasiounsbuttik a vun der Internetstuff „Surfsp@ce“.
  • Sozial Verbindungen erëm hierstellen duerch nei geschafen Treffpunkten op Spill-, Sport-, oder Naturplazen an duerch, vun ëffentlecher Stell gefuerdert, Erwuessenebildungsangeboter.
  • Bereetstellung vun Aarbechtsplaze fir Leit ouni Beschäftegung, där hir perséinlech a berufflech Entwécklung duerch entspriechend Weiderbildungsprogrammer, an Zesummenaarbecht mam Aarbechtsministère an der Gemeng Déifferdeng, gefërdert ginn
  • Schafe vun neien Aarbechtsplazen zur nohalteger, lokaler Entwécklung duerch Ëmsetze vun neie Projetsiddien.
  • Opwäertung vum kulturelle Patrimoine, duerch d’Sanéierung an den Ënnerhalt vu Kulturgidder op dem Gebitt vun der Gemeng Déifferdeng.
  • Déngschtleeschtungen un der Persoun an der Gemeinschaft, duerch d’Servicer vun den Equippe vum « Déifferdinger Atelier », d'Internetstuff „Surfsp@ce“ an den Okkasiounsbuttik.