De Service Proximitéit – Déifferdenger Atelier

D’Team vum Service Proximitéit ass dorop ausgeriicht, Leit vu 60 Joer un oder Matbierger, déi op Hëllef ugewise sinn,...

read more
Previous
Next
 

Service Proximitéit

D’Équipe vun eisem Proximitéitsservice iwwerhëllt d’Aufgab den Déifferdenger Matbierger a –biergerinnen ab 6o Joer oder och, wann si un engem Handicap leiden, bei klengen Aarbechten an an ëm d’Haus ze hëllefen.



 

Weiderliesen...

Service Projet Mines

Dëse Service huet als Zil al, remarkabel Stollenagäng ze restauréieren an duerchUleeën an Astandsetze vu Pied a Weeër erëm zougänglech ze maachen.

Weiderliesen...

Déifferdenger Biogeméisgaart

De CIGL Differdange ass zurzäit an der Opbauphas vum Projet « Déifferdenger Biogeméisgaart   - le jardin bio par le CIGL et la Ville de Differdange »  - an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Déifferdeng. Scho säit 2013 ënnerstëtzt de CIGL Differdange mat sengem Service Naturschoul Lasauvage de Projet Urban Gardening (Gemeinschaftsgäert) vun der Gemeng Déifferdeng.

De CIGL wäert an den Zären an am Fräien Ubauflächen, déi sech op dem Gebitt vun der Gemeng Déifferdeng befannen, héichwäerteg an der Joreszäit entspriechend Liewensmëttele produzéieren, wéi biologesch zertifiéiert Planzen, Geméis an Uebst.

D’Produkter solle fir de Bierger, besonnesch awer fir d’Kanner an d’Jugendlecher aus de lokale Betreiungsstrukture verwent ginn. Geplangt ass de Verkaf un déi gemengeneege Kantinnen, esou wéi u Keefer op de Wochemäert oder bei de CIGL eegene Verkafsstänn, déi sech och op dem Ubauareal an an engem strategesch sënnvollen Uert befanne sollen.

Service Ëmwelt

D’Equipe vun dësem Service setzt déi vum CIGL virgeschloen a vun der Gemengeverwaltung gestëmmte Projeten an d’Praxis ëm. E puer Beispiller niewent villen aneren: Ariichte vu Spillplazen no ökologeschen Normen, Renovatioun vun ëffentleche Plazen an Trapen, Astandsetze vu Monumenter an historesche Siten, Ënnerstetzung vum Proximitéitsservice …

 

Weiderliesen...

Surfsp@ce

D’Zil vun der Internetstuff besteet doran dem Public aus dem Grand-Duché a vun déisäits der Grenz d’Aarbecht mam Computer zu engem verstännege Präis ze erméiglechen.

 Weiderliesen...

DIFFWÄSCH

An de Raimlechkeete vum Wäschsalon gi Maschinne fir d'Wäsch an d'Dréchne vun Textilien zur Verfügung gestallt.  Déi professionell Wäschmaschinnen an Trockner entspriechen duerch hir niddereg Energie- a Waasserverbrauchwäerter dem neiste Standard. D'Wäschmaschinne gi mat ëmweltfrëndleche Wäschmëttele bedriwwen. De Projet begräift och e Service vir d’Ofhuelen,  d'Wäschen an d’Liwweren, fir Privatpersounen, Veräiner a fir aner Organisatiounen. E Streckservice vervollstännegt d'Offer.

 Weiderliesen...

Service Naturschoul Lasauvage

De Service Naturschoul Lasauvage ass am Joer 2003 an d’Liewe geruff ginn. An enker Zesummenaarbecht mat der Naturschoul entstinn ëmmer erëm nei Projeten, déi vum Léierpersonal, de Schoulkanner an de Mataarbechter vum CIGL ëmgesat a betreit ginn.

 

 

Weiderliesen...

Okkasiounsbuttik

Den Okkasiounsbuttik huet als Aufgab gebrauchte Miwwelen ze recycléieren an ass zugläich en nohaltegen a kreative Projet.

Weiderliesen...