Eisen Okkasiounsbuttik – en zweet Liewe fir gebrauchte Miwwel

Säit Mee 2013 bitt de CIGL Déifferdeng ee ganz neie Service un, an dat a Form vun engem grad esou nohaltege wéi kreative Projet.

Eist Team kënnt de Miwwel, deen Dir net méi braucht oder wëllt, gratis bei Iech heem sichen, wann Dir an engem vun de Kantone Capellen, Esch/Uelzecht, Lëtzebuerg oder Réimech wunnt.

Uschléissend ginn di Stécker dann an eisem Atelier am Kreativzenter 1535°C zu Déifferdeng enger grëndlecher Renovatioun oder kreativer Transformatioun ënnerzunn an erwächen esou zu engem neie Liewen.

D’Resultater vun eiser mat Präzisioun, Kënnen a Léift duerchgeféierter Aarbecht kënnt Dir um Site www.okkasiounsbuttik.lu oder awer an eisem Buttek selwer op Belval Plaza bewonneren.