Internetstuff Surfsp@ce

D’Internetstuff Surfsp@ce wëll de Leit d‘Méiglechkeet bidde fir zu engem erschwéngleche Präis e Computer kënnen ze benotzen an u Formatiounen deelzehuelen.

D‘Internetstuff Surfsp@ce ass an 2 Beräicher agedeelt :

  • En ëffentleche Beraïch mat 7 PCen, deen dem Public zur Verfügung steet an e schnellen Zougang zum World Wide Web erméiglecht.Op dëse PCe kann een och Dokumenter erstellen an erausdrécken oder Maile schécken.
  • Déi verschidde Coursë ginn am Formatiounssall ofgehalen, dee mat 8 Computeren an engem Beamer equipéiert ass.

Weider Déngschtleeschtunge vum Surfsp@ce sinn:

  • Faarweg a schwaarz/wäiss kopéieren an de Formater A5 bis A3
  • Verschécke vu Fax-Noriichten
  • Brenne vu CDen an DVDen
  • Scannen
  • Associatiounen a Firmae kënnen de Formatiounssall och fir betribsintern Fortbildungscoursë lounen.

Ëffnungszäiten

 

Méindes bis freides

 

9:00 bis 17:00

 

 

Ugebuede Coursen

Internetführerschäin
Excel Module 1 an 2
Word Module 1 an 2
Photoshop Elements
Individuell Coursen
iPhone - iPad (IOS)
Smartphone - Tablet (Android)