
De Butzebuttik ass e Secondhandbuttek fir Kannersaachen, deen op der Iddi vun der Kreeslafwirtschaft baséiert. Mir wëllen déi nohalteg Notzung vu Konsumgidder fërderen.
MIR BIDDEN
- Kannerkleedung vun 0 bis 12 Joer
- Spillsaachen, Poppen, Kuscheldéieren, Bicher, CDen, asw.
- Accessoiren, Kannerkutschen, Autossëtzer fir Puppelcher a Kanner, asw.
- Kreativ Upcycling Iddien, déi op der Plaz ëmgesat ginn
All eis Secondhandartikele sinn an engem gudden Zoustand a gi virum Verkaf, gebotzt a gepréift.
MIR SICHEN
- gutt erhale Kannerkleedung vun 0-12 Joer
- Kannerkutschen, Spillsaachen, Bicher, Accessoiren, asw.
Spende ginn am Butzebuttik ugeholl.
Eis Equipe steet fir all weider Informatioune gären zur Verfügung.