
D’Team vum Service Proximitéit ass dorop ausgeriicht, Leit vu 60 Joer un oder Matbierger, déi op Hëllef ugewise sinn, aus der Gemeng Déifferdeng, mat klengeren Aarbechten an hirem a ronderëm hirem Haus ze ënnerstëtzen.

D’Ëmweltteam setzt déi vum CIGL ausgeschafften a vun der Gemeng gestëmmten a gedroe Projeten ëm. Dëse Service befaasst sech ënner anerem mam Ariichte vun ökologesche Spillplazen, d´Renovatioun vun ëffentleche Plazen an Trapen, , den Ënnerhalt vun Denkmaler oder historesche Plazen, an ënnerstëtzt och bei Bedarf de Service Proximitéit …D’Ëmweltteam erleedegt seng Aufgab dat ganzt Joer iwwer, an enkem Kontakt esouwuel mat dem techneschen ewéi mam ökologesche Service vun der Gemeng.

De Service Naturschoul Lasauvage gouf am Joer 2003 agefouert. An enker Zesummenaarbecht mat der Schoul entstinn ëmmer erëm nei Projekter. D’Léierpersonal esou wéi d’Schoulkanner an d‘Aarbechter vum CIGL këmmeren sech ëm den Ënnerhalt vun den Infrastrukturen.Interesséiert Bierger kënnen sech de Schoulgaart mat sengem Weier, der Schoofspärch an de Geméisbeeter ukucke goen.E Léierpad luet zu engem besënnlechen Trëppeltour an.

D’Zil vun der Internetstuff ass et de Matbierger am Land an driwwer eraus den Zougang zum Computer zu engem akzeptabele Präis unzebidden.7 Computere stinn de Clientë vun der Internetstuff zur fräier Verfügung fir drop ze surfen, ze schaffen oder ze léieren.Doriwwer eraus bitt d’Internetstuff Coursen un, fir den Internetführerschäin a fir d’Programme vu Word, Excel a Photoshop.

Den Okkasiounsbuttik huet als Aufgab gebrauchte Miwwelstécker zu engem neie Liewen ze erwächen an ass zugläich en nohaltegen a kreative Projet.
Den Okkasiounsbuttik sammelt gebrauchte Miwwelstécker a guddem Zoustand. D’Miwwelspende ginn an eisem Atelier am Arsenal 1535oC zu Déifferdeng erëm a Stand gesat. Uschléissend gi se erëm fir e weidere Gebrauch verwäert oder si erliewen eng kreativ Neigestaltung ganz am Sënn vum Recycling Art.

An de Raimlechkeete vum Wäschsalon gi Maschinne fir d'Wäsch an d'Dréchne vun Textilien zur Verfügung gestallt. Déi professionell Wäschmaschinnen an Trockner entspriechen duerch hir niddereg Energie- a Waasserverbrauchwäerter dem neiste Standard. D'Wäschmaschinne gi mat ëmweltfrëndleche Wäschmëttele bedriwwen. De Projet begräift och e Service vir d’Ofhuelen, d'Wäschen an d’Liwweren, fir Privatpersounen, Veräiner a fir aner Organisatiounen. E Streckservice vervollstännegt d'Offer.

De Projet Vëlosschoul riicht sech un d'Schoulkanner aus dem Préscolaire an aus dem Primär.
Si kënnen um Terrain selwer un engem theoreteschen a prakteschen Unterrecht am Vëlofueren deelhuelen. Op der MTB-Piste (mat Spill- a Beobachtungsplaz) kënnen si hir Geschécklechkeet testen a verbesseren.
Ausserhalb vun de Vëloscoursen ass den Areal ëffentlech zougänglech.
Am Vëlosbuttik ginn Okkasiounsgefierer verkaaft, méi kleng Reparaturen duerchgefuert a verschidde Formatiounen ugebueden: Vëlofueren fir Grouss a Kleng / Wéi reparéieren ech mäi Gefier? / Sécherheet am Stroosseverkéier.