
Eng Ënnerstëtzung am alldeegleche Liewe fir Leit vu 60 Joer un oder fir Matbierger, déi op Hëllef ugewise sinn.
Eis Equipe paakt eng Hand mat un bei klengen Aarbechten am oder ëm d’Haus. Si steet fir Iech bereet vu Méindes bis Freides zwëschen 8.00 a 16.00 Auer an dat nodeem en Termin ausgemaach gouf.
Ufroe w.e.g. ënner der Nummer: 26 58 00 20 1
Bei deene Präisser ass d’TVA mat agerechent.
Gaarden- a saisonbedingten Aarbechten (mat der Méimaschinn oder dem Freischneider de Wuess méien, vertikutéieren, Onkraut rappen, Schnéi ewechraumen asw.), kleng Reparatur- a Sanitäraarbechten (elektresch Bir auswiesselen, Aarbechte mam Hochdruckreiniger asw.), Ausbesserungen (Ustrach am klenge Kader asw.), Griewer botzen, akafe goen. Gréngen Offall, Gras- an Holzschnëtt ginn an de Recyclingzenter geféiert.
Sperrmüll gëtt op de Recycling bruecht a getrennt entsuergt. Bei gréissere Quantitéite gëtt dem Client eng Rechnung iwwer d’Gemengeverwaltung zougestallt.